De klenge Fësch

Dee klenge Fësch genéisst säi Liewen am Mier all Dag op en Neits. Hien ass begeeschtert vu senger Heemecht, wou esou vill interessant Mieresbewunner mat him zesumme liewen. Voller Bewonnerung observéiert hien hir villfälteg Eegenschaften a Gewunnechte. Eng Begéinung mat sengem Kolleeg, dem Tëntefësch, confrontéiert de Fësch awer enges Daags, mat enger Wouerecht, déi hien eigentlech net wëll gesinn.

Ee positiivt Buch iwwert d’Liewen am Mier an d’Erausfuerderungen déi sech der Ënnerwaasserwelt vun haut stellen. Looss dech mathuelen an dem Fësch seng Welt: Kuck, lauschter, lies, rätsel a sang mam Fësch a senge Frënn!

Hei e puer Andréck aus der Geschicht. Du kanns d’Biller uklicken.

Zousätzlecht Material