De Kéiseker, deen ni midd gëtt!

Et ass Hierscht am Bësch!

De klenge Kéiseker sollt sech eigentlech op säi Wanterschlof virbereeden. Wéi de Krukert him vun sengen opreegende Pläng erzielt, gëtt et dem Kéiseker kloer, dass net alleguer d‘Déieren de Wanter duerch schlofen. Hie beschléisst kuerzerhand, kee Wanterschlof ze halen, mee sech ze ameséieren. Fënnt hien zu dëser Zäit ee Frënd, dee mat him spille wëll?

Ee Buch iwwert d’Déieren aus eisem Bësch. Wéi eng Déiere liewen hei a wat maachen si am Hierscht an am Wanter? Komm a looss dech mat an dem Kéiseker seng Welt féieren:

Kuck, lies, lauschter, sang, rätsel a spill mam Kéiseker a senge Frënn!

Hei e puer Andréck aus der Geschicht. Du kanns d’Biller uklicken.

Zousätzlecht Material